top of page
Fond-kannervilla.jpg
Crèche Kannervilla Krabbelstuff Wibbelkummer Spillkummer Boermereng Schengen Luxembourg

Virstellung 
Kannervilla Boermereng

D’Crèche Kannervilla Boermereng ass eng privat, unerkannten Erzéiungs- a Betreiungsstruktur, déi den 8. Oktober 2012 hir Dieren fir Famillen a Kanner opgemaach huet. 

 

D’Crèche läit zu Boermereng, engem ländleche Duerf an der Gemeng Schengen, direkt un der däitscher a franséischer Grenz. 

Dat grousst Härenhaus aus dem 19. Joerhonnert mat sengem familiäre Charakter, gouf no de gesetzleche Bestëmmungen an no de Besoine vun de Kanner ëmgebaut. Hannert dem Haus gëtt et e groussen Gaart mat enger Spillplaz an engem Geméisgäertchen. 

 

Mir bidden alle Famillen, onofhängeg vun hirem Wunnsëtz an hirem Hierkonftsland eng familljenergänzend Betreiung fir Kanner vun 3 Méint bis zum Schoulantrëtt mat 4 Joer un. 

 

Mir sinn d’ganzt Joer vu Méindes bis Freides vun 6:30 Auer bis 18:30 Auer op.  

Eis Ariichtung ass Weekends an un de Feierdeeg zu Lëtzebuerg zou. Den 24. an 31. Dezember maachen mir eis Dieren um 16:30 Auer zou. 

 

Op engem éischte Rendez-vous kritt Dir gären weider praktesch Detailer iwwert eis Organisiatioun an Arbechtsmethoden matgedeelt. 

Eis Organisatioun

Eis Equipe besteet aus qualifizéiertem Fachpersounen aus de psychosozialen, pedagogeschen a sozio-edukativen Beräicher (graduéiert an diploméiert Erzéier/innen, Auxiliaire de vie). 

 

D’Kanner ginn no hirem Alter a Gruppen opgedeelt: 

D‘Akklimatisatioun 

Crèche Kannervilla Krabbelstuff Wibbelkummer Spillkummer Boermereng Schengen Luxembourg

Den Ufank, wéi och d’Basis vun der Kannerbetreiung ass eng Akklimatisatioun. Den Iwwergank vum vertrauten Doheem an eng Institutioun ass eng besonnesch Zäit fir d’Kand a seng Elteren (neit Ëmfeld) an erfuerdert eng suergfälteg Begleedung. 

 

Mat der Akklimatisatiounsphase probéieren mir datt Kand sech lues a lues op eng duuss Manéier an a sengem Rhythmus trennen kann. Dës Akklimatisatioun geschitt mat der Ënnerstëtzung vun engem Familljemember wärend den éischten 2-3 Deeg (normalerweis mat der Mamm oder mam Papp) a baséiert op den individuellen Bedierfnisser vum Kand an den Elteren. 

 D’Grondbedierfnisser vum Kand 

Eise pedagogesche Projet an eis Prinzipien 

All Kand ass eenzegaarteg a senger Natur, Perséinlechkeet a Kultur. Mir bidden de Kanner eng breet Palette u verschidde Léierméiglechkeeten un, fir datt all Kand an sengem eegene Tempo interesséiert an aktiv léiere an sech entwéckele kann. 

Mir schaffen no Themen, déi op de Joreszäiten mat hire kulturellen Traditiounen, wéi och op de Besoinen an Interesse vun de Kanner baséieren, ouni d’Fräispill ze vergiessen. Mir bidden eng Villfalt u Spiller a Materialien an eisem groussen Psychomotoriksraum (Spillkummer) un. 

Eise Kreativraum bitt mat senge verschiddenste Materialien vill Méiglechkeeten fir kënschtleresch Aktivitéiten, fir spannend Experimenter an opreegend Erfuerschungen. Ausserhalb vun eisem grousse Gaart ginn mir reegelméisseg mat de Kanner eraus op d’Felder an d’Wisen vum Duerf.  

Fir den individuellen Bedierfnisser vun all Kand nozekommen, invitéiert d’Erzéiungspersonal reegelméisseg d’Elteren op en Austausch, fir eng Relatioun z’ënnerstëtzen, déi gepräägt ass vun Vertrauen, Unerkennung a Respekt. 

Mir garantéieren den Elteren eng konstant Transparenz an eiser pedagogescher an organisatorescher Aarbecht a ginn hinnen d’Méiglechkeet vu Kandsbeen un un der Entwécklung vun hirem Kand deelzehuelen. 

Eist Summerfest an eis Kleeschenfeier mat den Elteren sinn mëttlerweil e festen Bestanddeel vun eiser Ariichtung. Donieft ginn reegelméisseg Aktivitéite fir Kanner an hir Elteren ugebueden. 

Eis Raimlechkeeten bidden e gesond Ëmfeld mat enger Wuelfill-Atmosphär. Eis Gruppesäll ginn dem Kand d’Méiglechkeet sech sécher ze fillen a gläichzäiteg dee Raum ze fannen, deen et fir eng autonom an individuell Entwécklung brauch. 

Méisproocheg Erzéiung / Méisproochegkeet 

Crèche Kannervilla Krabbelstuff Wibbelkummer Spillkummer Boermereng Schengen Luxembourg

Déi éischt Jore vum Kand si besonnesch wichteg fir d’Acquisitioun an d’Entwécklung vu Sproochkompetenzen. Kleng Kanner léieren nei Sproochen am Spill, op eng natierlech an intuitiv Manéier. Ausserdeem entwéckelen si eng besonnesch Geschécklechkeet am Léiere vu Sproochen am Allgemengen a profitéieren e Liewen laang. 

 

Déi 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) ginn haaptsächlech an der Kannervilla Boermereng praktizéiert, sou datt d’Kand sech sécher a wuel fillt an der Verstännegung. 

 

Mir weisen eng oppen Haltung vis-à-vis vun all de Sproochen, déi an der Famill geschwat ginn. Si ginn op verschidde Manéiere geschätzt an ënnerstëtzt. 

Fotogalerie

Eise Gaart
Krabbelstuff
Wibbelkummer & Spillkummer

Wichteg Infos

17 Rue Jos Kayser
L-5675 Burmerange
LUXEMBOURG

Direkterin:
GOERES Tamara

Méindes bis Freides
vun 6:30 Auer bis 18:30 Auer

Mir schwätzen:
bottom of page