kannervilla.lu op 3 Sproochen
  Crèche Kannervilla Boermereng - Remerschen - Schengen
  • Startsäit
  • Iwwer eis
    • Eis Ariichtung stellt sech vir
    • Räimlechkeeten
    • Moolzechten
  • Konzept
  • Agewinnung
  • Gallery
  • Umeldung

Agewinnung an eiser Ariichtung

Den Ufank, wéi och d’Grondlaach vun Kannerbetreiungsstrukturen as d’Agewinnung. Den Iwergang vum gewinnten Doheem an eng Crèche as vir d’Kand an séng Elteren eng ganz besonnesch Zäit an erfuerdert dovir eng ëmsiichteg Begleedung. Bei der Gestaltung vun der Agwinnungszäit an eiser Ariichtung orientéieren mir eis um „Berliner Eingewöhnungsmodell“, wat däitschlandwäit mat vill Erfolleg praktizéiert gët. Ziel vun dësem Modell as ët, datt d‘Kand eng verlässeg an stabil Bezéiung zu sénger pädagogëscher Fachkraaft opbauen kann. D’Zesummenaarbecht mat den Elteren as vir den Verlaaf eng Grondviraussetzung.

D’Kand brauch Zäit vir eng bindungsähnlech Bezéiung zu der pädagogëscher Fachkraaft opzebauen. Dëst erfollecht an dräi Phasen:

1.     An deenen éischten Deeg as d’Mamma oder den Pappa am Gruppenraum mat dobäi.
2.    Dono erfollechen déi éischt kuerz Trennungsversich.
3.    D’Kand bleiwt am Grupp an kann sech vun sénger Bezuchspersoun léisen.

Dëst as eis wichteg!

D’Kand bestëmmt den Tempo vun sénger Agewinnung selwer. Eréischt wann d’Kand sech an eiser Ariichtung wuel fillt an sech op déi pädagogësch Fachkraaft agestallt an säin Grupp als sécher Basis ugeholl huet, as d’Agewinnungszäit eriwer.

Dëst wärt ongeféier tëschent 10 Deeg an dräi Wochen daueren.

En Mierkblat zur Agewinnung vun Ärem Kand erhaalt Dir am perséinlechen Gespréich an eiser Ariichtung.